© Marcel SCHAEFFER
Marcel Schaeffer’s Homepage
Wëllkomm, Bienvenu, Willkommen, Welcome
Mathias GAASCH de “Feierstëppler” 81   Mathias Gaasch  -  De Feierstëppler  D‘Ereegnesser vum 17. Mee 1794 zu Diddeleng    De 17. Mee 1794 war e schwaarzen Dag an der Diddelenger Geschicht. Dësen Dag sinn 59  Diddelenger vun de Fransousen zu Diddeleng erschoss ginn, a 15 weider Diddelenger sinn  am noen Tiercelet higeriicht ginn.  Wéi koum et dozou?  Zu där Zäit ass Diddeleng regelméisseg vu franséischen Deef a Banditen iwwerfall an aus- geplënnert ginn. Si koumen iwwer Wuermereng oder Zoufftgen op Diddeleng.  Fir deem entgéint ze wierken, hunn déi Diddelenger an der Festung Lëtzebuerg gefrot fir  200 Gewierer ze kréien. De Kommandant BENDER huet hinnen déi zou geschéckt.  Déi Diddelenger hunn do eng richteg Trupp op d‘Been gesat fir Diddeleng ze verteidegen.  Zu där Zäit louch d‘Muselarmee vun de Fransousen am noe Grenzgebitt. De 16 Mee owes  koum en Awunner vun Ötteng op Diddeleng a sot de Responsabele vun Diddeleng, datt déi  franséisch Arméi géif zu Diddeleng duerchkommen. Si sollte roueg sinn an se ouni ze  schéisse laanscht loossen. Dem Öttenger ass awer net gegleeft ginn.  Deen aneren Dag, wéi déi éischt Fransousen sech gewisen hunn huet de Fierschter Pierre  GAASCH een Zaldot mam Clairon um Päerd gesi kommen. E sot „waard ech well dech léiere  blosen“ an huet en do erschoss. Dat war den Ausléiser vun der Katastrof. D‘Fransousen déi  natierlech an der Iwwerzuel waren hunn dorop Juegd op alles gemat wat se gesinn hunn.  Diddelenger sinn an d‘Léi an an de Waal gelaf. Déi, déi se fonnt hunn si virun der Léi op der  Bierenger Säit zesumme gedriwwen an erschoss ginn. Déi 15 Gefaangen déi se mat op  Tiercelet geholl hun sin do higeriicht ginn.    Ënnert hinne waren der 4 déi am grousse Krees vum Stammbam vun de Gaasche virkom- men.    De Jakob STEINES, Urgrousspapp vum Joanna SCHORTGEN .  De Mathias LANG, Grousspapp vum Marie LANG.  De Baptiste TONT, éischte Mann vun der Marie DUREN, déi duerno mam Johann-Baptiste  LANG bestuet ginn ass, d‘Eltere vum Marie LANG.  De Nicolas GAASCH, bestuet mat dem Marguerite, enger Schwëster vum Anna COULON.