© Marcel SCHAEFFER
Marcel Schaeffer’s Homepage
Wëllkomm, Bienvenu, Willkommen, Welcome
Strooss 9 vu Belval, Train 9 de Belval, Rolling Mill 9 from Belval. Home
D’Strooss 9 vu Belval ass an de Joeren 1952 bis 1954 gebaut ginn. Vun 1956 un ass op 3 Schichte gewalzt ginn. No 40 Joer, an obschonn am Joer 1990 dat ganzt elektrescht Equipement nei gemat gi war ass d’Strooss 9 am Joer 1993 zou gemat ginn. Strooss 9 huet aus der Virstrooss an der Färdegstrooss bestanen. D’Virstrooss waren 6 Gerëchter, 4 Horizontaler an  2 Vertikaler. D’Färdegstrooss waren 8 Gerëchter, 6 Horizontaler an 2 Vertikaler. Strooss 9 huet Bandeisen gewalzt mat enger Breet vun 90 bis 500 mm an vun enger Deckt vun 1 bis 6 mm. Déi indesch Firma Avon Cycling huet d’Strooss 9 kaaf an an Indien zu Ludhiana nees nei opgeriicht, an am Joer 1999 a Betrib geholl. D’Inder walzen 23 bis 25000 Tonnen Bandeisen am Mount. D’Basis fir d’Fabrikatioun vu Vëloen.  (www.avoncycles.com)