© Marcel SCHAEFFER
Marcel Schaeffer’s Homepage
Wëllkomm, Bienvenu, Willkommen, Welcome
Wien war de Feierstëppler?
Fir et kuerz ze maachen, de Feierstëppler war de Mathias GAASCH vun Diddeleng.
De Mathias GAASCH gouf de 7. Januar 1872 zou Diddeleng gebuer. Säi Papp war de Jean GAASCH a seng Mamm d'Joanna
SCHORTGEN. Seng Elteren goufen den 26. Juli 1869 zou Diddeleng bestuet.
Hien hat nach 3 Bridder a 4 Schwësteren.
Thérèse, gebuer 7. Februar 1870, bestuet mat dem Henri ENGELS, Schneider.
Margaretha, Marguerite, gebuer den 13. September 1873, ass an d’USA ausgewandert, gouf 2 mol bestuet.
Franziska, Françoise, gebuer den 4. Dezember 1874, bestuet mam Mathias SCHUTZ, Bäcker vu Bouneweg.
Heinrich, Henri, gebuer den 11. Mee 1877, ass an d’USA ausgewandert, Schoulmeeschter, huet do d'Ottilie TRAPP bestuet, dëst sinn
Grousselteren vum Bill GAASCH, dem weltwäit bekannten Häerzspezialist.
Johann, Jean, ass mat 3 Joer gestuerwen.
Barbe, ass mat 1 Joer gestuerwen.
Anne, gebuer den 31. März 1883, bestuet mam Paul KIRPES, CFL Beamten.
Dominique, ass mat 1 Joer gestuerwen.
De Numm GAASCH, och GASCH, fënnt een zou Diddeleng fir d'éischt an de Kierchebicher am Joer 1741, bei der Hochzäit vum Caroli
GASCH vu Léiweng mat dem Anna COULON vun Bireng. Dëst sinn Ururgrousselteren vum Mathias GAASCH, dem Feierstëppler.
De Mathias GAASCH gouf de 18. Februar 1898 zou Diddeleng mat dem Susanna MITSCH vun Duelem bestuet.
Si haten 5 Kanner, 3 Meedercher an 2 Jongen.
Marguerite, gebuer den 29. November 1898, bestuet mam Michel-Lucien SCHAEFFER, 2 Jongen, Lucien an Marcel.
Guillaume, gebuer den 29. Juni 1900, bestuet mam Marie ZIMMER, 2 Jongen, Johnny a Roger.
Michel, gebuer 30. Mäerz 1902, bestuet mam Anne SCIMIA.
Anna, gebuer den 29. September 1904, bestuet mam Jean-Pierre METZLER, 2 Meedercher, Margot a Jeanny.
Thérèse-Françoise genannt Eugénie, gebuer den 25. Mee 1907, bestuet mam Jacques HOFFMANN.
De Mathias GAASCH ass den 19. Mee 1939, am Alter vun 67 Joer, zou Diddeleng gestuerwen.
Seng Fra d’Susanna MITSCH ass den 3. September 1943 am Alter vun 76 Joer zou Diddeleng gestuerwen.